Dat obwuel d'Wantersolden dëst Joer ëm 2 Woche verréckelt gi waren an d'verkafsoppe Sonndeger an d'Waasser gefall waren.

Positive Bilan vun de Wantersolden / Reportage Fanny Kinsch

D'Handelsconfederatioun zitt e positive Bilan aus de Wantersolden dëst Joer, och wa se ëm 2 Woche verréckelt goufen an d'verkafsoppe Sonndeger an d'Waasser gefall sinn. Dat hätt sech relativ gutt verdeelt, seet den adjoint-Direkter vun der CLC Claude Bizjak am RTL-Interview. Dobäi wieren awer verschidde Secteuren, déi d'Kris méi ze spiere kréie wéi anerer. Beispillsweis ass do d'Textilbranche ze nennen.
"D'Leit sinn am Teletravail, dat heescht et gi manner Costumer kaf, et gi keng Hochzäite gefeiert, d'Leit ginn net eraus, et gi keng Iessen organiséiert, dat heescht d'Tenuë fir raus ze goen a méi festlech Kleedung ass natierlech méi schwiereg ze verkafen. Mee allgemeng kann een awer zefridde si mat de Solden."

Déi 2 Wochen, ëm déi d'Solden nom Lockdown verréckelt goufen, wiere fir eenzel Commerçante laang gewiescht, seet de Claude Bizjak.

D'verkafsoppe Sonndeger géifen normalerweis ganz gutt goen, ma et hätt sech dëst Joer awer relativ gutt verdeelt. D'CLC bleift awer bei hirer Meenung, datt et besser wier wann een och sonndes kéint opmaachen.

"Well mer eben och nach ëmmer der Meenung sinn, dass mer doduerch, wat d'Frequenze méi grouss sinn, d'Plagen, op deenen d'Geschäfter op sinn, well een natierlech och eng besser Verdeelung vun de Clienten huet, an dat dréit natierlech och zu engem bessere Respekt vun de sanitäre Mesurë bäi."

D'Thema oppe Sonndeger beschäftegt d'Handelsconfederatioun awer och nach aus anere Grënn. Bei Kontrolle vun der Gewerbeinspektioun ITM ass rezent opgefall, datt verschidde Commercë sech net drun halen, datt d'Salariéeë sonndes nëmme 4 Stonne schaffen dierfen. Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet och en Donneschdeg de Moie bei de Kolleege vum 100,7 ugekënnegt, datt an den nächste Woche verstäerkt soll kontrolléiert ginn. An den Aen vun der CLC ass d'Gesetzeslag onkloer, wat dozou geféiert hätt, datt sech gewësse Praxissen agebiergert hätten. Am Code de travail wiere wuel schonn Derogatioune virgesinn.

"Déi Règlements grand-ducaux, déi si leider ni geholl ginn, dat heescht do feelen e puer Detailer, wéi déi Derogatioune sollen accordéiert ginn oder wéi se ugefrot sinn, mee normalerweis soll e Gesetz awer och ouni Règlement grand-ducaux fonctionéieren an dohier denke mer eben, dass virun allem elo emol kuerzfristeg, well et wéi gesot och eng penibel Situatioun ass fir vill Salariéeën, déi wëlle méi laang schaffen, dass een elo mol misst mat deenen Derogatioune schaffen, wou och d'Entreprisen am Gaange sinn unzefroen."

Gläichzäiteg wier een am Dialog mat de Gewerkschaften, fir eng kuerzfristeg Léisung ze fannen. D'CLC hätt eng Propositioun fir en Accord national ausgeschafft, sou de Claude Bizjak, déi den Ament nach géif vun de Membere validéiert ginn an da sou séier wéi méiglech de Syndikater soll presentéiert ginn.