Fir de Konsumenteschutz ass et dann och inacceptabel, datt d'CO2-Steier am Index-Wuerekuerf neutraliséiert gouf.

De Konsumenteschutz fuerdert, datt d’Kafkraaft vun de Leit ofgeséchert gëtt. D’ULC reagéiert an engem Communiqué op d’Hausse vun der Inflatioun, der Präisdeierecht. Virun allem Kleng-, Mëttelverdénger a Rentner géing dat ze schafe maachen. D’Inflatioun ass op ee Joer gekuckt vun 0,5% op 1,9% geklommen. Datt d’CO2-Steier am Index-Wuerekuerf neutraliséiert gouf, ass iwwerdeems fir d’ULC inacceptabel.