Industrie-Projet, deen näischt gouf: 2007 gouf mat der Firma Biocardel, déi sollt Biodiesel produzéieren, en entspriechende Kontrakt ënnerschriwwen.

An net nëmme minimal produzéieren, mä 20 Millioune Liter Biodiesel d'Joer. Doraus gouf näischt, d'Firma huet 2018 Faillite gemaach. En Echec op der ganzer Linn. Paperjam no war den Terrain op "Wolser" 2007 fir nëmmen 1,7 Milliounen iwwerholl ginn.

240.000 Euro hat d'Firma vum Staat als Investissement-Hëllef krut.

Mä, wéi de Wirtschaftsminister Franz Fayot a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Léon Gloden confirméiert, ass den Dossier, trotz Faillite, net vum Dësch. Eng Nofollger-Firma vu Biocardel huet den Droit de Superficie 2017 iwwerholl.

Lo wier et awer sou, datt dës Firma Problemer hätt, de Biodiesel-Projet tëscht Diddeleng a Beetebuerg ze realiséieren. De Ministère weist sech dann och ganz flexibel a waart nach op weider Informatiounen, ier de Projet entweder fale gelooss gëtt oder realiséiert gëtt.

Et geet vu "Méint“ Rieds, ob d'Kapitel Biocardel eng Suite kritt oder net.