Dat fuerdert eng Petitioun, déi elo déi néideg Ënnerschrëfte krut fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.

4.521 Persounen hunn d’Fuerderung bis ewell ënnerschriwwen. 4.500 Ënnerschrëfte sinn néideg.

17 Deeg laang kann een d’Petitioun nach ënnerstëtzen.

De BTS-Diplom, e Bac+2, gëtt am Lëtzebuerger Schoulsystem offréiert, net awer am Salairessystem vum Staat unerkannt.