Aktuell gëtt net dru geduecht, hei am Land eng Flicht anzeféieren, fir mussen eng FFP2-Mask unzedoen.

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch dem ADR-Deputéierten Jeff Engelen, deen ënnert anerem an enger parlamentarescher Fro wollt wëssen, ob d'Leit och géifen iwwer méiglech Niewewierkungen beim Undoe vun dëse chirurgesche Masken informéiert ginn.

Am Santésministère soen d'Responsabel, datt d'international Diskussiounen iwwert d'FFp2-Masken ganz genee suivéiert gëtt. Dat gëllt och fir eng aktuell Analyse iwwert dës Masken, vum Europäeschen Zenter fir Infektiounskrankheeten ECDC.

Wann hei nei Elementer eraus kéimen, misst och d'Lëtzebuerger Positioun ugepasst ginn, esou d'Paulette Lenert.