En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 629 läit.

Aktuell sinn 83 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.780 aktiv Infektiounen a 50.945 Persoune gëllen als geheelt.

427 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 515 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 31.926 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.