D'Fra hätt de Mann ganz einfach net fréi genuch kënne gesinn, fir ze reagéieren, esou d'Aschätzung vum Geriicht.

Et ass eng dramatesch Geschicht, mä deen Accident hätt Jidderengem kënnen geschéien. Esou hat de Parquet de Virfall vu Juli 2018 beschriwwen, wou eng Automobilistin nuets tëscht Beetebuerg an Diddeleng e Foussgänger ze pake krut, dëse war op der Plaz dout.

Um Geriicht gouf d'Fra en Donneschdeg fräigesprach. Si hätt keng Schold um Accident, hunn d'Riichter argumentéiert. Si war weder alkoholiséiert, nach ze séier oder ofgelenkt.

Den Deel vun der Nationalstrooss war net beliicht an d'Affer soll duerchernee gewiescht sinn. D'Fra hätt de Mann ganz einfach net fréi genuch kënne gesinn, fir ze reagéieren.