Ma net nëmmen, dass de Chauffeur op der falscher Bunn gefuer ass, hien hätt och grondsätzlech guer net dierften Auto fueren.

Kuerz virun 1 Auer e Freideg de Mueren ass der Police en Automobilist opgefall, deen an der Stad mat ze héijer Vitess déi falsch Richtung duerch d'Rue 1900 gefuer ass.

De Chauffeur konnt an der Rue Glesener gestoppt a kontrolléiert ginn. Heibäi gouf festgestallt, dass géint de Mann e Fuerverbuet virläit an hien och nach ze vill gedronk hat, wéi e gefuer ass.

De Parquet huet ordonéiert de Mann festzehuelen, hie koum e Freideg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.