An engem Communiqué deelt d'Copas hir Recommandatioune mat, nodeems d'Bewunner vun engem Alters- a Fleegeheem fir déi 2. Kéier geimpft goufen.

Hei gëtt sech un de Recommandatioune vum Gesondheets- a Familljeministère orientéiert. D'Visitten um Zëmmer si 14 Deeg no der 2. Impfung erlaabt. D'Visiteuren, déi an d'Gebai erakommen, gi weider enregistréiert, fir bei méiglechen Infektiounen trotzdeem en Tracing kënnen ze maachen.

Virun der Visitt kritt een als Visiteur dann och e Code fir PCR- oder Antigen-Tester proposéiert. D'Zuel vu Visiteuren, déi erlaabt sinn, an d'Ouverture vu Restauranten a Cafeteriaen hänkt vun de legislativen Dispositiounen, déi a Kraaft sinn, of.

Persounen, déi fir déi 2. Kéier geimpft goufen an den Delai vu 14 Deeg agehalen hunn, mussen no enger Sortie net méi a Quarantän. Eenzeg Ausnam ass, wann ee Symptomer vun der Krankheet géif kréien.