Leit déi an der 1. Phas vun der Impfcampagne eng Invitatioun kruten, mä kee Rendez-vous geholl hunn, kënnen zu spéiderem Zäitpunkt awer nach geimpft ginn.

An zwar wann déi zweet Phas vun der Impfcampagne ofgeschloss ass. Dat äntwert de Gesondheetsministère op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng.

Zanter e Méindeg kënnen déi Concernéiert sech schonn op eng Waardelëscht aschreiwen: op guichet.lu/vaccination-personnel-sante.

D’Ursaachen, firwat eng Partie Leit sech net fir e Rendez-vous gemellt hunn, wieren iwwerdeems nach net bekannt, sou de Gesondheetsministère. Et géingen awer schonn Diskussioune lafen, fir an de verschiddene Strukturen d’Leit nach méi ze sensibiliséieren.

De Ministère gëtt och zou, datt d’Invitatioune per Post visuell ze vill deene fir de large scale testing geglach hunn an dowéinst goufe se visuell iwwerschafft.