Den Dr. Grenot war zu Lëtzebuerg e Pionéier an der physikalescher Medezin a Rehabilitatioun.

"Ouni hie géing et de Rehazenter a senger aktueller Form net ginn. Den Dr. Grenot huet fir den Opbau vun dëser Institutioun gekämpft a se gepräägt wéi kaum eng aner Persoun", sou de Gaston Schütz, Generaldirekter vum Rehazenter.

Hie war als éischt an der fréierer Reha-Struktur zu Hamm täteg, déi am Joer 1978 geschaaft gouf. 2007 hat hien d'Leedung vum Zenter um Kierchbierg iwwerholl.

Senger Famill eist häerzlecht Bäileed.