An der Geschicht vum Grand-Duché gëtt dacks gréisstendeels vun der Lëtzebuerger Resistenz geschwat.

D'Iddi, datt d'Lëtzebuerger Populatioun sech nëmme géint d'Nazi-Invasioun an d'Eliminatioun vum Lëtzebuerger Staat gewiert hunn, ass awer net onbedéngt richteg.

Spéitstens 2015, mat der Publikatioun vum Historiker Vincent Artuso senger Aarbecht iwwert d'Participatioun vun de Lëtzebuerger un ënner anerem der Verfolgung vun de Judden, gouf kloer, datt och Lëtzebuerg méi wéi dat eent oder anert schwaarz Schof a sengen Noperschafte gezielt huet. An enger Konferenz vum Resistenzmusée zesumme mam Historiker goufen nach eng Kéier eng Rei Fakte Revue passéiere gelooss.

2. Weltkrich a Lëtzebuerger Participatioun / Tim Morizet

D'Collaboratioun mat den Däitschen oder op d'mannst de Versuch, hätt schonn an engem ganz fréie Stadium ugefaangen. Dat zu enger Zäit, wou een d'Lëtzebuerger Nationalitéit nach duerch d'Blutt, also d'Ethnie, krut.

No der Invasioun den 10. Mee 1940, der Flucht vun der Grande-Duchesse Charlotte an der Regierung hat sech eng Verwaltungskommissioun zesummegedoen, fir d'Land weider ze geréieren. Eng Kommissioun, déi awer och de Kontakt mat Däitschland gesicht hätt, esou den Historiker Vincent Artuso.

"Natierlech war d'Iddi, datt déi politesch Kollaboratioun d'Souveränitéit vu Lëtzebuerg géif retten. Dat war souzesoen den Deal. Eng Upassung un déi nei Uerdnung géint eng Unerkennung vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet duerch Nazi-Däitschland."

En Deal, deen net sollt zustane kommen. Kuerz drop huet d'Verwaltungskommissioun dann och mat der antisemitescher Politik vum deemolege Gauleiter collaboréiert.

"Den éischten antisemitteschen Uerder, deen d'Verwaltungskommissioun applizéiert, ass dee vun der Verbannung vun de Judden a Fransousen, déi d'Land den Dag vun der Occupatioun verlooss haten."

Dozou gehéieren och eng Rëtsch Lëtzebuerger. Och vill Gemenge participéiere bei den neie Mesuren a fänken op Nofro hin, grëndlech recherchéiert Chifferen zu der Unzuel vu jiddesche Schüler, u mat publizéieren.

"Dat bedeit elo net, datt déi meescht Leit, déi deenen Uerdere gefollegt hunn, Antisemittten oder Nazie waren. Et waren der warscheinlech dobäi. Et waren der awer och, an do besteet keen Zweiwel, extreem vill Lëtzebuerger dobäi, déi dës Situatioun akzeptéiert hunn ewéi eng Fatalitéit."

Och déi Däitsch Volleksbeweegung VDB fënnt ëmmer méi Popularitéit bei de Lëtzebuerger. Ëmmer méi Memberskaarte gi verschéckt. An och 1943, do wou den Drock op den däitsche Fronten ëmmer méi héich gouf, spillen d'Lëtzebuerger eng Roll.

"Et ginn ëmmer méi Däitscher op der Front gebraucht an de besate Gebidder. Dowéinst gëtt d'Tendenz ëmmer méi Lëtzebuerger Collaborateuren, Pro-Däitscher ze bewaffnen an an d'Adminstratioun ze integréieren."

Och bei de groussen anti-däitsche Protestaktiounen uganks 42 ware vill Lëtzebuerger dobäi, déi probéiert hunn, d'Versammlungen opzeléisen.

"Just virun datt de Gauleiter op Lëtzebuerg kënnt, waren 1.400 Memberen an der Däitscher Volleksbeweegung. An der Lëtzebuerger Grupp vun der NSDAP wäerten e bësse méi ewéi 4.000 Lëtzebuerger dra sinn. An zu deem Zäitpunkt, wou am September 1944 Lëtzebuerg befreit gëtt, flüchten 10.000 Lëtzebuerger zesumme mat den Däitschen an d'Reich."

All Alterskategorie war betraff, all Sozialschicht, Männer, ma och Frae ware betraff. E Fait, deen een net dierft vergiessen, esou nach de Constat e Mëttwoch.
Méi wéi 10% vun der Lëtzebuerger Populatioun soll deemools, méi oder manner aktiv, bei der Collaboratioun mat den Däitsche participéiert hunn. Zuelen an Doten, déi een esou bal net soll vergiessen.