57% vun hinne fille sech ugespaant, géifen d'Situatioun awer packen.

Datt duerch den Teletravail d'Produktivitéit geklomme wier, mengt dogéint nëmmen eng kleng Minoritéit. 2 vun 3 Befrote soen, dat wier e Mythe.

Duerch d'Pandemie wiere wuel nei Léisungen a Produite fonnt ginn, d'Firme-Kultur hätt awer gelidden. An dat géif en Defi fir d'Patrone ginn. Grad ewéi déi nei Aarbechtsflexibilitéit, déi duerch d'Corona-Kris néideg gi wier.

Fir dës Enquête goufen am Zäitraum vum 1. bis den 23. Februar 500 Leit befrot.