De Käschtepunkt vun dësem weideren Testen, mat enger Capacitéit vun 53.000 PCR-Ofstrécher d'Woch, läit global bei ronn 41 Milliounen Euro.

D'nächst Woch gëtt jo déi 3. Phas vum Large-Scale-Testing an der Chamber gestëmmt, déi bis de 15. Juli dauert. De Käschtepunkt vun dësem weideren Testen, mat enger Kapazitéit vun 53.000 PCR-Ofstrécher d'Woch läit global bei ronn 41 Milliounen Euro.

Wann dës drëtt Depistage-Campagne misst iwwert de Summer ëm 2 Méint verlängert ginn, kéimen nach eemol 21 Milliounen Euro Käschten dobäi.

De Bilan vun der zweeter Phas vum Large-Scale-Testing ass impressionnant: 2,1 Milliounen Invitatioune goufe verschéckt, ronn en Drëttel vun alle Leit, déi geruff gi waren, si sech teste gaangen. Op dës Manéier konnten 9.200 Covid-Fäll bei Leit detektéiert ginn.

Nieft de PCR-Tester sinn och ronn 1.000 serologesch Antikierper-Tester d'Woch geplangt.

Wärend der zweeter Phas vum Large-Scale-Testing haten et bal 5.000 esou Tester ginn, wou bei ronn 350 Leit Antikierper festgestallt goufen.

Och d'global Zuel vum Large-Scale-Testing ass impressionnant: zanter Mëtt Februar zejoert waren dat ronn 1 Millioun Tester.