Lescht Woch sinn d'Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg ëm 9 Prozent zréckgaange par rapport zur Woch virdrun.

Gutt 60 Prozent vun de Neiinfektioune sinn op de Contact-Tracing zréckzeféieren.

RTL

© RTL

An der Kalennerwoch 9 goufen 1.194 Persoune positiv op Sars-CoV-2 getest, dat bei 61.730 Tester. Déi Woch virdru goufen 1.315 Persoune positiv getest.

RTL

© RTL

Knapp 60 Prozent vun de positive Fäll sinn op de Contact-Tracing zréckzeféieren. 378 Neiinfektioune goufen op Ordonnance fonnt. Bei 39.724 Tester goufen 93 Persounen iwwert de Large-Scale-Testing positiv getest.

RTL

© RTL

D'Neiinfektioune sinn op eng Woch gekuckt liicht zréckgaangen, de Positivitéitstaux am Large-Scale-Testing läit elo bei 0,21 Prozent an huet sech iwwert déi lescht Woche relativ stabiliséiert.