Mënschen, déi op der Strooss liewen, sinn an der Covid-19-Impfstrategie net prioriséiert. Dat ass problematesch fënnt d'ASBL Médecins du Monde.

Leit, déi keen eegent Doheem a keng spezifesch gesondheetlech Vulnerabilitéit hunn, sollen zu Lëtzebuerg eréischt an der 6. a leschter Phas geimpft ginn. Just virun de Persounen, déi tëscht 16 a 54 Joer al sinn. D'ASBL Doktere vun der Welt, déi sech ëm déi sozial Schwaach vun der Gesellschaft këmmert plaidéiert dofir, datt dës Leit éischter e Covid-19-Vaccin solle kréien.

"Jiddwer Mënsch, dee keen Doheem huet, ass einfach vill méi vulnerabel. Dat ass inestimabel, wat dat ausmécht", seet den Dr. Yann Gorges, Generalist bei der ASBL. Verschidden nei Etüde géifen och weisen, datt Leit vun der Strooss dem Covid-19 méi ausgesat sinn. "Bleif doheem" ass fir déi Betraffen net méiglech an d'Iwwernuechten an Dortoiren en erhéichte Risk.

Vulnerabel Persounen ouni Doheem, déi d'Krittären vun de méi fréien Impfphasen erfëllen, awer net op de Lëschte stinn, sollen natierlech och éischter geimpft ginn. Dat gouf viru kuerzem an engem Aarbechtsgrupp mam Santésdirekter festgehalen, seet de Yann Gorges.

D'ASBL Médecins du Monde plaidéiert fir eng prioriséiert Covid-19-Impfung fir d'Leit vun der Strooss an hofft, Gehéier ze fannen. Fakt ass awer och, datt an der betraffener Populatioun nach laang net jidderee bereet ass, fir sech elo schonn impfen ze loossen. D'Nouvellen ëm den eventuelle Risiko vu vereenzelte schwéieren Niewewierkungen bereeden och munch engem vun der Strooss Suergen.