Stauséi oder Baggerweieren, 2 Plazen, déi méi wäit bal net ausernee kënne leien. Wéi wier et mat enger drëtter Alternativ am attraktive Mëllerdall?

Wie sech am Summer an der Natur ofkille wëll, kann dat zum Beispill um Stauséi oder op de Baggerweiere maachen.

Den Iechternacher Séi soll vum nächste Joer un och Schwëmmer unzéien.

Momentan läit do awer nach eng déck Schicht Bulli um Fong. Dofir muss  de Séi fir d'éischt emol entschlammt ginn. Donieft muss fir aner Infrastrukture gesuergt ginn.

Wéi entsteet de Schmorri am Séi a wat geschitt domat? Mir ware bis kucken, wéi dës Aarbechten ausgesinn a wat fir aner Projeten um Séi geplangt sinn.