En Dënschdeg géint 15.30 Auer ass an der Rue Saint-Nicolas eng Foussgängerin vun engem Liwwerwon ugestouss a ganz uerg blesséiert ginn.

Am Police-Bulletin ass souguer rieds vu "liewensgeféierlech". D'Pompjeeë vu Réimech a Schengen waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Réimech an den Escher Samu.

De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf vum Parquet op d'Plaz geschéckt, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.