D'Bauerenzentral huet mam Christian Wester (Joergang 1986) en neie President kritt.

No 15 Joer un der Spëtzt vun der Beruffsorganisatioun huet de Marc Fisch op eng weider Kandidatur verzicht. Den éischte Vize-President vu bis ewell, de Christian Wester, gëtt säi Successeur. Dëse Bauer vun Alzeng ass och zënter 2019 Member an der Landwirtschaftskummer. Mat sengem Brudder huet hien e Mëllech- a Mammekoubetrib zu Alzeng.