Dem Minister Schneider no wieren um Enn just 2 Prozent vun de Salariéen aus dem gesamten Transportsecteur vun der Reegelung betraff.

D'Ofmeldung vun der Sécurité sociale zu Lëtzebuerg koum fir vill Beruffschaufferen, déi am Grenzgebitt wunnen, mä hei schaffen, iwwerraschend. Den LCGB schwätzt vun enger 800 Betraffenen, a kritiséiert d'Virgoe vun der Sécurité sociale. Hirer Meenung no hätt ee missen am Virfeld eng Reegelung fannen. Vun enger Iwwerraschung kéint een awer an dëser Affär net wierklech schwätzen, seet den zoustännege Minister Romain Schneider. An den nächste Woche géing awer Kloerheet an d'Dossiere kommen.

Ënnert dem Stréch wäerten duerch d'EU-Reglementatioun, déi den 1. Januar a Kraaft getrueden ass, eng 2-3 Prozent vun alle Beruffschauffeuren net méi zu Lëtzebuerg bei der Sécurité sociale affiliéiert bléiwe kënnen, seet den zoustännege Minister Romain Schneider. Betraff wäerte Chauffeure sinn, déi am Grenzgebitt wunnen. Dëst, am Fall, wou si fir eng Lëtzebuergesch Entreprise schaffen, mä méi wéi 25 Prozent vun hirer Aktivitéit an hirem Heemechtsland ausféieren. Wann all d'Dossiere gepréift sinn, géing et sech awer ëm eng Minoritéit handelen, sou de Minister.

Sécurité sociale fir "chauffeurs frontaliers" / D. Hoffmann

Och wann de Schock wuel grouss gewiescht wier, wou d'Ofmeldung vun der Sécurité sociale komm ass, misst ee wëssen, datt een nach weider dräi Méint zu Lëtzebuerg affiliéiert ass. Am Schnëtt kéim dann innerhalb vu ronn engem Mount awer eng Réckmeldung vun deem jeeweilegen anere Land, wou de Salariée dann affiliéiert gëtt. D'Patrone wieren och am Virfeld informéiert gewiescht, an et wier een dovun ausgaangen, dat si och hir Salariéen informéieren. Se géingen awer elo nach eng Kéier e Rappell kréien.

Den LCGB hat de Minister ugangs der Woch schaarf dofir kritiséiert, datt déi Betraffen einfach ofgemellt gi wieren, ouni datt se am Heemechtsland ugemellt wieren. Dësen huet awer dofir eng Erklärung: Et kéint een net an engem anere Land ugemellt ginn, ier een ofgemellt ass. Et géing ee sech awer och weiderhi beméien, mat den Nopeschlänner ze verhandelen, datt déi Betraffen eréischt final ofgemellt ginn, wa se anzwousch anescht ugemellt sinn.

Verhandlungen, déi ee probéiert hat, mat den Nopeschlänner ze féieren, wiere bis elo ëmmer am Sand verlaf, sou de Minister. Dëst wier awer net ganz iwwerraschend, wëll ebe jiddereen déi Cotisatioune wéilt, déi de System um Lafen halen. Souwuel Lëtzebuerg wéi eben och d'Nopeschlänner.

Dat d'EU-Reegelung elo Uwendung fënnt, ass och keng Iwwerraschung. Ëmmerhi wier et eng 10 Jorelaang Transitiounsphase ginn, an d'Frist wier souguer nach eng Kéier wéinst der Pandemie ëm 6 Méint verréckelt ginn. D'Reglementatioun war op Fuerderung vum europäesche Gewerkschaftsbond agefouert ginn, fir géint Sozialdumping a Schwaarzaarbecht virzegoen.