E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 784 geklommen ass.

Aktuell sinn 121 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.347 aktiv Infektiounen. 60.203 Persoune gëllen als geheelt.

3.577 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 2.684 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 141.352 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,23. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.