Éischten Informatiounen ass d'Affer, dat fir eng medezinesch Behandlung an d'Spidol koum, net uerg blesséiert ginn.

E Mëttwoch de Mëtteg ass géint zwou Auer an der Stad eng Persoun ugestouss ginn. De Foussgänger ass op der Kräizung vum Boulevard de Kockelscheuer an der Rue F.W. Raiffeisen iwwert den Zeebrasträife gaangen, wéi e vun engem Camion ugestouss gouf.

D'Affer ass éischten Informatiounen no net uerg blesséiert ginn, ma koum awer fir eng medezinesch Behandlung an d'Klinick.