E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 785 bliwwen ass.

Aktuell sinn 110 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun, een dovun aus dem Grand-Est.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.334 aktiv Infektiounen. 60.627 Persoune gëllen als geheelt.

3.271 Mënsche kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 2.634 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 153.420 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90 Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.