D’Regierung huet eisen Informatiounen no effektiv decidéiert, fir déi aktuell Covidmesuren nom 25. Abrëll ëm dräi weider Wochen ze verlängeren.

Eng Ouverture schéngt et awer am Sport ze ginn, wou méi Leit mam neie Covid-Gesetz dierfen zesumme kommen, wann d’Distanzen agehal ginn.

Donieft géif am neien Text och eng éischte Kéier definéiert, wéi eng Critèren eng Terrass erfëlle muss. D’Terrasse ware bis elo nach net reglementéiert.

Vun der nächster Woch un kënne sech Persounen tëscht 30 a 54 Joer mellen fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn. Dat sot de Staatsminister am Briefing nom Regierungsrot. D'Regierung hält sech domadder u d'Recommandatioune vun der Europäescher Medikamentenagence EMA.

De Lëtzebuerger Conseil supérieur des maladies infectieuses dogéint schwätzt sech an engem neien Avis dergéint aus fir AstraZeneca bei Persounen ouni Virerkrankungen ënner 54 Joer anzesetzen.

Leit, déi eng éischte Kéier mam brittesch-schwedesche Vaccin geimpft goufen, sollen deen och fir hir zweet Dosis kréien. De Premier huet betount, wéi wichteg et wier, datt elo keen Impfstoff am Frigo leie bleift.

D’Detailer presentéieren de Staatsminister Xavier Bettel an de Gesondheetsminister faisant fonction Romain Schneider um 15 Auer op enger Pressekonferenz.

Liicht Upassunge kommen och am Kader vu Museksprouwen, respektiv Museksunterrecht.