E Freideg de Moie koum et an der Lëtzebuerger Strooss zu Colmer-Bierg zu engem schroen Aarbechtsaccident.

Wéi d'Police schreift, gouf e 17 Joer ale Léierbouf bei Aarbechte mat engem sougenannte "Mähaufbereiter", enger Méin-Maschinn, déi un Traktere befestegt gëtt, liewensgeféierlech um Kapp verwonnt.

D'Affer gouf nach op der Plaz noutversuergt a koum an d'Spidol.

Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geruff an d'landwirtschaftlech Maschinn sécher gestallt. Och d'Beamte vun der ITM waren op der Onglécksplaz.

Den Trafic huet misse wärend dem Asaz gespaart ginn, well de Rettungshelikopter huet misse landen.