En Donneschdeg an e Freideg den Owend huet d'Police tëscht 21.30 an 23 Auer kontrolléiert, wien op der Nordstrooss ze séier gefuer ass.

Do waren der nawell eng Partie dobäi, déi e schwéiere rietse Fouss haten.

An 3 Fäll gouf eng Vitess vun iwwer 200 Kilometer an der Stonn iwwerschratt. D'Chauffere waren hire Permis nach op der Plaz lass.

17 Persoune kruten e Protokoll vu jeeweils 145 Euro an hunn 2 Punkte verluer.

4 weider Automobiliste kruten eng Verwarnung vun 49 Euro.