E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 785 bliwwen ass.

Aktuell sinn 116 Persounen hospitaliséiert, dovunner 31 op der Intensivstatioun, een dovunner aus dem Grand-Est.

3.505 Mënsche kruten e Freideg hir 1. Dosis, fir 2.181 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 159.110 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.