Op der Musel waren e Sonndeg eng Partie Leit ënnerwee an hunn en Tour mat der MS Princesse Marie-Astrid gemaach.

Op der Musel ass si eng Traditioun an trotz Pandemie kann ee sech eng Esplanade ouni si net virstellen. Wann d'Marie-Astrid vu Réimech oder Maacher aus d'Musel erop- an eroffiert, sinn déi 500 Plazen u Bord gemenkerhand besat. Dat gëllt op alle Fall fir déi "normal" Saison, ouni Covid.

Vun dësem Weekend un ass dat ronn 10 Joer aalt Schëff nees ënnerwee, mat – sou hoffen déi Responsabel – manner Perten a méi Méiglechkeeten, senge Passagéier deen "anere Bléck" op de Museldall bidden ze kënnen. D'MS Marie-Astrid ëmmer nach hiren treie Fan-Club huet. Obschonns net vill Leit um Schëff waren a Réimech och ongewinnt eidel war fir e Weekend, spiert een d'Begeeschterung bei deenen, déi laanscht d'Waasser spadséiere ginn, mä nach méi staark schéngt d'Loscht op d'Schëff ze sinn. D'Prinzessin huet hire Programm ofgespeckt a wëll et lues ulafe loossen. Wat zejoert net geklappt huet un Entertainment, ass dës Saison trotzdeem net garantéiert.

Als Gastronomie-Schëff krut een natierlech och vum Staat gehollef. Donieft gëtt ewell och vun Dezember bis Mäerz geschafft. An dat honoréieren net just d'Lëtzebuerger, mä och d'Leit aus der Groussregioun.

D'Marie-Astrid ass zwar eng Prinzessin, mä dann awer och e Miseler Meedchen... Mat Traditioun, mä och Geschicht. De Schengen-Accord gouf op hir ënnerschriwwen.

Weider Detailer iwwer de Programm vun der Marie-Astrid fënnt een hei.