Géint 17.35 Auer war tëscht der Maulusmillen an der Rossmillen en Accident tëscht 2 Gefierer. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

D'Pompjeeë vun Ëlwen a Wäiswampech waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Ëlwen.

Géint 21.35 Auer gouf et dunn nach en Accident tëscht Schëndels a Miersch. Och hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Miersch a Lëntgen waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Lëntgen.