Wat hie scho bei eis op der Antenn duerchblécke gelooss huet, confirméiert den Ex-CSV-President elo am Interview mam Lëtzebuerger Wort.

Dernieft ass den Appell un d'Basis, sech hir Partei zeréck ze huelen. D'CSV wier nämlech mëttlerweil komplett vun der Fraktioun gesteiert. Alles géif vun uewen erof, vun e puer Deputéiert decidéiert ginn.