Dat ass haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt wéinst der Covid-Kris an de ville Scholden, d'Banken méi Provisiounen hu missen opschreiwen.

Allerdéngs wier bei der Rentabilitéit déi lescht Jore schonn en negativen Trend festzestellen, huet et op enger Pressekonferenz vun der ABBL geheescht.

Musse mer elo de Rimm méi enk schnallen, well d'Finanzplaz riskéiert manner Mëllech ze ginn? Nee, sou de Guy Hoffmann, President vun der ABBL: d’Bankeplaz wier nach ëmmer zolidd, mee et misst een awer dofir suergen, datt se kompetitiv bleift.

An deem Zesummenhang huet hien op déi héich Käschte wéinst der ëmmer méi staarker Regulatioun, mee och déi héich Paien an der Fonction publique an d'Fiskalitéit higewisen. Zu Lëtzebuerg läit de Steiertaux fir Betriber ëm déi 25 % méi héich ewéi a vill Staaten, mee méi niddreg wéi nach viru Joren. Den Yves Maas, Direkter vun der Bankenassociatioun a Banquier vum Crédit Suisse sot och d'Banken wieren „net esou bornéiert“, fir an der aktueller Kris och nach eng Steierbaisse ze fuerderen. Trotzdeem misst ee kucken, datt d'Banken och erëm an eng Situatioun kommen, wou se kënnen investéieren.

Wat d'Effete vun der Covid-Kris op d'Ekonomie ugeet, do wieren d'Banken dephaséiert, huet d'ABBL widderholl. Et gëtt gefaart, datt Faillitten, déi bis elo ausbliwwe sinn, deemnächst kommen. D'Banken hätten hirersäits gehollef mat Moratoiren, also en Aussetze vun de Mensualitéite vun de Prêten. Déi wieren dem Guy Hoffmann no meeschtens esou ausgeriicht ginn, datt Betriber net direkt nom Moratoire an d'Laberente geroden. Natierlech hätt een och net all Betriber kënnen zefridde stellen, sou de Bankevertrieder. Mee senger Meenung no hätten d'Banken e gudden Job gemaach.