Sinn elo manner Leit an den normale Soinen an och quasi keng vulnerabel Patiente méi am Spidol, geet d’Zuel vun Intensivpatiente verhältnisméisseg an d’Luucht an den Altersduerchschnëtt erof. Dat léich zum Deel un deenen neie Virus-Varianten, bei deenen et zu engem méi schwéiere Verlaf och bei jonke Patiente kënnt. Den Traitement wier d’selwecht, ma d’Patienten hätten haut en anere Profil.
Dr Jean Reuter, Intensivmedeziner am CHL: “Dat ass engersäits, dass se e méi séiere Verlaf hunn, dat heescht, dass se méi séier op der Intensivstatioun landen. An dat zweet ass, dass se en nach méi laange Verlaf hunn. Scho bei der 2. Well war et sou, dass d’Leit oft wochelaang hospitaliséiert waren, an dat gesi mer elo erëm. Dat heescht, et sinn éischtens méi jonk Patienten, déi net onbedéngt grouss Virerkrankungen hunn, déi e schwéiere Verlaf hunn an e wochelaange Verlaf hunn.”
Den Altersduerchschnëtt vun den hospitaliséierte Covid-Patienten hei am Land ass d’lescht Woch vun 61 op 57 Joer gefall... si virdrun e Véierel vun de Patienten op d’Intensivstatioun komm, ass et elo all Drëtten.
Dr Jean REUTER: “Dat ass vläicht de Paradox vun der ganzer Situatioun. Dat heescht, dass d’Gesamtdoudeszuelen am Land tendenziell erof ginn, wärend d’Intensivstatiounen awer staark belaascht bleiwen. Dat ass eben zum groussen Deel, dass d’Populatioun, déi mer elo op der Intensivstatioun hunn eng méi jonk Populatioun ass, déi certe e ganz schlëmme Verlaf hunn, mä oft awer méi Reserven hunn, wéi déi méi al Populatioun. An duerch de Fait, dass se méi Reserven hunn, ass et oft esou, dass se mussen extreem laang op der Intentensivstatioun bleiwen.”
Den Altersduerchschnëtt wier engersäits erofgaangen, well haut nëmmen nach ganz wéineg eeler Leit an d’Spidol kommen, well si geimpft sinn. Anerersäits läit et awer och un den neie Virus-Varianten.
Dr Jean Reuter: “Virun allem déi brittesch, mä mir hunn och en zweestellege Prozentsaz vun der südafrikanescher Variant, an déi si bekannt dofir, dass se oft méi e schwéiere Verlaf hunn, och bei enger méi jonker Populatioun.”
D’Personal, dat sech ëm déi normal Covid-Hospitalisatioune këmmert, kéint sech elo wéi erhofft, erblosen...
“Op der Intensivstatioun ass et e bëssen anescht, mir sinn do op engem héije Plateau zanter Wochen a Wochen, mat éischter enger Tendenz an d’Luucht, mat enger Populatioun, déi ëmmer méi jonk gëtt, wat natierlech komplizéiert ass fir d’ganzt Personal. Bei méi jonke Patienten identifizéiert ee sech oft méi, well een dee selwechten Alter huet an dat mécht nach méi Angscht, well een ebe gesäit, dass se net onbedéngt vill Virerkrankungen hunn.”
Ma et géing een awer och e gewëssen Optimismus mierken, datt een duerch d’Impfcampagne an e puer Méint Liicht um Enn vum Tunnel géing gesinn.
