Där Meenung sinn d'Membere vun der Initiativ "Ëmwelterzéiung". D'Kanner aus der Schoulbänk ze kréien wier gutt fir d'Léieren, ma och fir d'Gesondheet.

Léieren ausserhalb vum Klassenzëmmer, an engem natierlechen an authenteschen Ëmfeld. Dat ass d’Visioun vum Kollektiv „Kanner – virun d’Dier !“ vun der Initiativ Ëmwelterzéiung. Si wëlle Pedagoge Piste ginn, fir dass si méi mat de Kanner eraus ginn. Déi Jonk solle sech der Natur erëm méi verbonne fillen.

Kanner virun d'Dier / Reportage Nadine Kremer

A Covid-Zäite gouf vill iwwer d’Organisatioun an de Schoule geschwat, fir den Homeschooling méiglech ze maachen. Mä de pedagogesche Volet wier op der Stréck bliwwen. Grad elo, wou een zoue Raim meide soll, wier et eng Iddi, eraus spillen a leieren ze goen, esou d’Léierin Renée Fretz.

Mir sinn der Meenung, Kanner liewe vun den Erfarungen, déi ënnert d’Haut ginn. An der Natur stellen d’Kanner sech dagdeeglech neien Erausfuerderungen an obwuel d’Spillen dobausse si misst frustréieren, well et esou vill Saache ginn, déi si nach net bewältege kënnen, si si mat Léif a Séil dobäi.

Ee Cours an der Natur wier méi authentesch, méi interessant a géif Loscht op méi ginn. Bildung wier méi wéi just Wëssensvermëttlung. Kanner missten d‘Zesummenhäng verstoen an d’Welt hannerfroen. Dat géif net op der Tafel am Klassenzëmmer goen, esou de Pit Mischo, Grënner vun der Naturschoul Lasauvage

Ech hätt gären eng dräidimensional Schoul. Mir maachen haut alles an zwou Dimensiounen, alles wat mir liesen, wat mir schreiwen. Alles ass zweedimensional. Et ass näischt méi ze faassen, ze begräifen. An ech mengen, dat ass de kruziale Message. Mir léiere just doduercher, dass et gräifbar, dass et experimentéierbar ass.

Et bräicht een en Ëmfeld, dat et erméiglecht, dobaussen ze léieren, seet de Schoulmeeschter Georges Theis. Schoulgäert a Sportplaze missten zu all Schoul gehéieren. Mä net nëmmen dat.

Méi ausserschoulesch Méiglechkeete mussen opgebaut ginn, fir a pedagogeschen, schouleschen Initiative genotzt kënnen ze ginn. Gemengebetriber, Bauerenhäff, Entreprisen, Handwierker an aner Produktiounsbetriber mussen encouragéiert ginn, sech nach méi fir d’Kanner opzemaache wéi bis elo.

De Kollektiv wéilt mat senger Initiativ virun allem dräi Problematike léisen. Déi éischt wier pedagogesch: D’Kanner hätte keng Affinitéit méi zur Natur. Déi zweet wier soziokulturell: D’Schéier tëscht Kanner, déi an engem sozioekonomeschen Ëmfeld manner bemëttelt sinn, an deenen, wou favorabel encadréiert sinn, wier an de leschten 30 Joer ëmmer méi grouss ginn. De leschte Punkt ass d’Gesondheet, erkläert de Pit Mischo.

Dass Kanner enorm motoresch Problemer kréien, dass dat an d’Luucht geet. Dass enorm vill Kanner kloe mat réckwéi, mat Scoliosen, duerch dat laangt Setzen. An do si mer eis eens, do gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet an dat ass eraus an d’Natur ze goen, dat heescht d’Kanner aus der Schoulbänk erauszekréien.

Fir d’Ëmsetzung missten d’Pedagogen enk mat den Elteren an de Gemengen zesummeschaffen. Donieft misst och d’Uni d’Virdeeler vum natierleche Léieren un déi zukünfteg Pedagoge weiderginn.

Fir den Ufank géif ee sech op de Fundamental konzentréieren, mä de Projet soll an de Secondaire ausgebaut ginn. Well villes, wat een am Klassesall léiert, kéint een dobausse léieren, mä dat wat een dobausse léiert, nach laang net alles am Klassesall.