E Méindeg um 3. Mee, dem internationalen Dag vun der Pressefräiheet, war virun der Chamber eng Maniff fir méi Transparenz an en Informatiounszougangsrecht.

Maniff fir méi Transparenz / Rep. Monica Camposeo

"De Fuedem vun der Gedold ass gerass!", esou d'Ines Kurschat, Presidentin vun der Journalistenassociatioun ALJP e Méindeg de Moien um Protestpiquet. Mat enger Rei Partner aus der Zivilgesellschaft, wéi Greenpeace, dem Mouvement Ecologique an dem OGBL, fuerdert d'ALJP e besseren Zougang zu Informatiounen. Bis ewell wier een ëmmer vertréischt ginn an d’Transparenzgesetz vun 2018 léist d’Verspriechen och net an. Mat deem Gesetz kënnen nämlech souwuel Privatleit, wéi och Journalisten Dokumenter bei den Administratiounen ufroen. Mä genee doranner läit de Problem, et kënnen nämlech net Direktinformatioune gefrot ginn, mä eben nëmmen Dokumenter. Dat wier e laangwierege Prozess an et muss een am Viraus scho wëssen, wéi dat entspriechend Dokument heescht. Dowéinst fuerdert d’ALJP mat enger Dose Partner eng Reform vum Transparenzgesetz, mä och en zousätzleche Paragraph am Pressegesetz, deen de Beruffsjournalisten d’Recht op e séieren Informatiounszougang gëtt.

Interview Roger Infalt
De Generalsekretär vun der ALJP war Invité am RTL-Journal.

Nom Protestpiquet virun der Chamber goung et virun de Staats- a Medieministère op der Place Clairefontaine. Mat enger Eiseketten an engem Schlass hunn d'Acteuren d'Paart virum Ministère zougespaart.

Uviséiert war mat dëser symbolescher Aktioun virun allem de Premier a Medieminister Xavier Bettel. Mat der sougenannter “Circulaire Bettel” muss nämlech all Presseufro fir d’éischt un den zoustännege Kommunikatiounsservice geriicht ginn.

Extrait Ines Kurschat, Presidentin vun der ALJP

An dat mécht d'Aarbecht fir d'Journalisten a Journalistinnen am Alldag schwéier. Wëll een eng speziell Persoun zu engem Sujet erreechen, kann dat doduerch verhënnert ginn, wann de Kommunikatiounsservice einfach eng aner Persoun fir den Interview virschéckt. Doriwwer eraus muss all Beamte fir d’éischt den Accord vum Déngschtchef hunn, fir iwwerhaapt mat der Presse kënnen ze schwätzen. Déi aktuell Regierung hätt Transparenz versprach, mee dofir nach net vill gemaach, esou nach d’Ines Kurschat am RTL-Interview.

Wat d'Associatioun vun de Beruffsjournaliste mat der Campagne "Informatiounszougang elo!" fuerdert, wier kee Luxus, mee onbedéngt noutwenneg, fir d'Bierger adequat kënnen ze informéieren, sou gouf e Méindeg de Moien um Protestpiquet nach ënnerstrach.

Et wär schwiereg, zu Lëtzebuerg un Informatiounen ze kommen. Et géif ëm e "verbrieftent Recht" op Informatioune goen. Verwaltunge solle verflicht sinn, d‘Detailer ze ginn, déi ee freet. Dat sot och de Luc Caregari, Vize-President vun der ALJP, der Journalisten-Associatioun, am RTL-Interview. Dat wären zwou verschidde Saachen.

International géifen d’Journalistekolleegen sech wonneren, datt et dat net géif zu Lëtzebuerg ginn. Et wär och keng Extrawurscht, mä e Recht, wat an allen aneren EU-Länner Usus wär: "Et géif net drëms goen, Geschäftsgeheimnisser gewuer ze ginn. Mä ëm d’Zuelen, Statistiken oder den Agenda vum Minister zum Beispill."

De Luc Caregari vun der ALJP

Déi Intransparenz géif Lëtzebuerg net gutt zu Gesiicht stoen, fënnt d’ALJP.

De kompletten Interview mam Luc Caregari vun der ALJP

Am rezente Ranking vu „Reporter ouni Grenzen“ steet Lëtzebuerg mëttlerweil just nach op der 20. Plaz vun de Länner, wou d'Liberté de presse am héchste gehale gëtt. Dat ass e Minus vun ëmmerhin 3 Plazen, par Rapport zum leschte Joer.

Eis 2 Nopeschlänner Däitschland an d'Belsch leie kloer virun eis op de Plazen 11 an 13. Spëtzereider ass weiderhin Norwegen, viru Finnland.