E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 800 geklommen ass.

Aktuell si 95 Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.601 aktiv Infektiounen. 64.094 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

[attachment id="77717493" __caption="(2)Coronavirus Dossier Banner SMALL