Kaméidi, Gestank, Stëbs. Dat sinn d'Haaptreklamatiounen iwwer Kronospan op der Gadderscheier zu Suessem.

Kronospan / Rep. Nadine Kremer

D'Entreprise ass zanter enger Zäitchen amgaangen, u Léisungen ze schaffen.

Géint de Kaméidi koum d'Iddi, den Transport vum Camion op den Zuch ze verleeën. Zesumme mat der CFL gëtt gekuckt, wéi een de Schinnereseau um Site ausbaue kann. Dëse Projet wier awer nach net fir dëst Joer. Donieft gouf en Entretien u puer Maschinne gemaach a se solle besser isoléiert ginn, esou de Christopher Donnell, Finanzleeder bei Kronospan: "Wir studieren das auch regelmäßig. Manchmal waren wir ein bisschen zu hoch mit dem Lärm. Wir haben getestet, von welchen Maschinen und wo dieser Lärm her kommt. Wir investieren 1,2 Millionen Euro in dieses Projekt, um den Lärm zu reduzieren und das sollte bis Ende September dieses Jahres dann fertig gestellt werden."

Ënnert de Suessemer gëtt et d'Rumeur, dass géint de Gestank e méi héije Kamäin soll installéiert ginn. Dat behieft awer net de Problem, esou de Responsabelen, mä et géif de Gestank just méi wäit fort transportéieren. Dofir versicht ee mat Tester grad, eng besser Léisung ze fannen.

Fir de Stëbs esou gutt wéi méiglech um Site ze halen, gouf ugangs des Joers eng Maschinn installéiert. Ob dat klappt, géif awer och vill vum Wand ofhänken. D'Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ënnerstëtzt déi aktuell Projeten:

"Si klären eis ëmmer op, mir waren och elo d'lescht Kéier do als Schäfferot um Site, fir eben och Erklärungen ze kréien, wat se alles wëlles hunn. Si hunn eis och elo versprach, esou bal mer dierfen, wann et e bësse besser ass mat der Kris, da gi mer mam Gemengerot och eng Kéier kucken."

Zanter 2017 huet Kronospan donieft 250 Milliounen Euro an Nohaltegkeet investéiert. Zwee Energiewierker si schonn a Betrib. D'Entreprise huet och déi gréisste Photovoltaik-Anlage vu Lëtzebuerg. Hei ginn 20% vum nationale grénge Stroum produzéiert. Bis de Summer 2022 ginn iwwerdeems zwee Basengen installéiert. Dora gëtt d'Waasser gebotzt a gefiltert, ier et da propper an d'Natur zréckgeleet gëtt. Den ekologesche Foussofdrock géif och duerch de Recycling vun Holz verklengert ginn, esou de Christopher Donnell:

"Wir können das dann wieder benutzen in unserem Prozess als Recycling oder wenn die  Qualität wirklich nicht gut genug ist, dann können wir dieses Holz in unseren Kraftwerken verbrennen, um Energie zu produzieren."

Nodeems et schonn e puer Mol um Site gebrannt huet, gouf och a Brandpreventioun investéiert. Et wieren nei Sensoren dobäi kaf ginn, déi Funken erkennen a mellen. Donieft géif enk mat de Pompjeeën zesummegeschafft ginn.