D'Schaueren daueren dacks nëmmen e puer Minutten. Ma d'Konsequenzen vum sougenannte Staarkree kënnen enorm sinn.

Wéi bei den Iwwerschwemmungen 2016 un der Wäisser Iernz an 2018 ënnert anerem zu Greiweldeng an am Mëllerdall. Dir erënnert Iech bestëmmt un déi dramatesch Biller, de Schued a Milliounenhéicht an eng Partie Blesséierter.
Duerch de Klimawandel kéinten esou Evenementer sech heefen, heescht et op d'mannst aus dem Ëmweltministère. Dofir huet d'Waasserwirtschaftsamt digital Kaarten entwéckelt, op deenen ee gesäit, op wéi enge Plazen am Land et bei staarkem Reen zu gréissere Gefore kommen kann.

Et wär wichteg, am Viraus ze wëssen, wou et geféierlech ka ginn, well de Reen, iwwer deen hei rieds ass, léisst engem net vill Zäit ze reagéieren. D'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt:

''Dat ass e Ree mat enger héijer Intensitéit. Et fält vill a ganz kuerzer Zäit. Et fält och ganz lokal op engem ganz klengen Anzuchsgebitt. De Buedem, op deen d'Waasser fält, mécht ganz séier zou, dat heescht, et leeft net méi an de Buedem, mä et leeft alles iwwerflächlech of, respektiv dat meescht.''

An da kann et zu uergen Iwwerschwemmunge kommen. Et brauch een also eng Strategie, fir d'Risiken ze reduzéieren. Mat opwennege Rechnungen op Computeren hätt ee simuléiert, wou d'Waasser an den Uertschafte wuel oflafe respektiv sech sammele géif, erkläert de Claude Meisch, dee beim Waasserwirtschaftsamt fir de Staarkree responsabel ass.

''Starkreen-Gefore-Kaarten sollen och éischter e Bewosstsinn schafen. En Deel vun der Strategie ass et, der Ëffentlechkeet Informatiounen bereet ze stellen. Esou kënnen d'Leit kucke goen a scho virun esou Evenementer wëssen, wou esou Plaze sinn, wou et potenziell kéint zu Schued kommen.''

Dës Kaarte fënnt een op geoportail.lu. D'Risiko-Zone wären och deels zesummen mat de Servicer an de Gemengen identifizéiert ginn. D'Strategie misst nach weider entwéckelt ginn, seet d'Christine Bastian, ma et wär wichteg, dass den Ufank gemaach wär.

''Esou wéi d'Previsiounen vun de Klima-Berechnunge weisen, wäert et iwwer d'Joer gekuckt nämmlecht vill reenen, awer dofir méi am Wanter. Am Summer wäert et manner reenen, mä wann et reent, da méi hefteg. Där Evenementer wäerte mir an der Zukunft warscheinlech leider méi dacks hunn. Dofir musse mir eis mam Sujet beschäftegen.''

Där Meenung ass och d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Gesetzlech Virgaben wäert et allerdéngs net ginn.

''Well et e groussen Ënnerscheed gëtt par Rapport zum klasseschen Héichwaasserschutz. Do muss och gekuckt ginn, wéi gebaut ka ginn, also ob een eppes op Piliere muss stellen. Hei kuckt een éischter, wou d'Geforen a wou d'Bremse sinn, wann esou en Evenement ass, wou esou vill Reen erofkënnt.''

E Pak mat méigleche Mesurë soll am Juni verëffentlecht ginn.

Dës Kaarte fënnt een op geoportail.lu an der Kategorie ''Waasser''. Da muss een de Layer ''Héichwaasserrisikomanagementrichtlinn'' auswielen, an do méi spezifesch dee fir Staarkreen.