E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 800 Läit.

Aktuell sinn 88 (-9) Persounen hospitaliséiert, dovunner 34 (+2) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.607 aktiv Infektiounen. 64.443 Persoune gëllen als geheelt.

3.749 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 2.782 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 213.236 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

[attachment id="77771575" __caption="(2)Coronavirus Dossier Banner SMALL