Dës Ufro koum, nodeems eng Motioun vun der CSV, fir d'Nominatioun réckgängeg ze maachen, net ugeholl gouf.

Nodeems d'Motioun vun den Oppositiounsparteien e Mëttwoch an der Chamber net ugeholl gouf, fir d'Nominatioun vum Christianne Wickler un der Spëtzt vun der Cargolux réckgängeg ze maachen, freet d'CSV, datt de Premier Xavier Bettel kuerzfristeg an d'Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber convoquéiert gëtt.

D'Oppositiounspartei wëll mam Staatsminister driwwer diskutéieren, wéi Administrateuren, déi de Staat a Gesellschafte vertrieden, erausgesicht ginn.