Kleng Strecke mat klenge Fligeren?
Mam private Fliger an d’Vakanz fléien oder op Geschäftsrees: D‘Business-Aviatioun huet geboomt, op d'mannst viru Mäerz 2020.
D'Aviatioun huet scho méi wéi eng Kris erlieft. Dat, wou 2020 geschitt ass, hätt ee sech warscheinlech emol net am düstersten Zenario kënne virstellen. Vun engem Dag op deen anere stoung e groussen Deel vun de Fligeren um Buedem.
"Mir hu virun der Kris 1,5 bis 2 Milliounen den Dag Chiffre d'affaires gehat, op eemol am Abrëll ass dat op 7.500 Euro gefall. An e Chiffre d'affaires ass jo dat, wat een erakritt a wou niewendru steet, wat een u Käschten huet. Do hu mer eis natierlech misse froen: a wat elo? A wéi komme mer elo iwwert déi nächst Méint?", sot de Patrick Hansen, CEO vu Luxaviation.
Luxaviation ass déi zweet gréisste Business-Aviatiounsentreprise op der Welt. Rezent huet een annoncéiert, datt ee sech an den USA expandéiert. Uechter déi ganz Welt ass ee vertrueden. 24 nei Fligere goufe bestallt, fir enger neier Demande nozekommen. Déi éischt 2 Maschinne sinn um Findel ukomm. "An Europa kënnt eng nei Clientèle an de Marché, déi sech seet, amplaz duerch déi grouss kommerziell Flughafen ze goen a mat grousse Fligeren ze fléien, fléie se elo léiwer mat Business-Aviatioun kleng Strecken. An do gesi mer eng relativ interessant Evolutioun, wat kleng Strecken op klenge Fligeren ze fléien ugeet. Wat een awer och muss wëssen, mir hu viru 5 Joer gesot, mir spezialiséieren eis op grouss Fligere fir grouss Strecken, do hu mer nach ëmmer ee groussen Deel vun eise Fligeren um Buedem."
Mat Bléck an d'Zukunft erwaart sech de Chef vu Luxaviation e Retour an d'Normalitéit an 3 bis 4 Méint, „soubal Länner opginn, soubal Quarantänen opgehuewe ginn, gesi mer, datt eng grouss Demande do ass."