"Bleif cool um Pool", heescht et dëse Summer an der oppener Schwämm zu Gréiwemaacher.

13 jonk Leit hu vu Mäerz bis elo un enger Formatioun deelgeholl an um Samschdeg hu si hiren Diplom an der Schwämm iwwerreecht kritt.

Als "Konfliktlotsen" schaffe si iwwer d'Summerméint a ginn op dës Manéier de Schwammmeeschter zur Hand.

Et heescht wëssen ze deseskaléieren, wann e Probleem tëscht de Clienten an der Schwämm opkënnt.