Um Samschdeg goufen et 3 Accidenter mat am Ganze 6 Blesséierten op de Lëtzebuerger Stroossen, dat mellt de CGDIS.

Zu Ettelbréck ass en Auto an en Trakter gerannt, eng Persoun gouf hei verletzt.

4 Blesséierter gouf et bei engem Ongléck op der Route du Vin zu Gréiwemaacher, hei waren 2 Autoen anenee gerannt.

An tëscht Lëntgen a Rolleng waren et och 2 Autoen, déi net laanschtenee koumen, hei gouf eng Persoun blesséiert.