E Sonndeg war eng Protestaktioun vum OGBL Commerce géint déi rezent Decisioun vun der Direktioun vun der Supermarchéschaîne.

Um Europadag, also engem gesetzlechen Feierdag  war hei de Supermarché nämlech op. Domadder ass den OGBL awer guer net averstanen.
Zu Lëtzebuerg ginn et e puer Commercen, déi zanter Jore bal all Dag ophunn. Egal op Feierdag oder net. Bei dëser Supermarchés-Ketten war dat bis ewell awer net de Fall. Elo huet Direktioun entscheet, dass hier Geschäfter zënter e Sonndeg och op Feierdeeg opmaachen.

“Et ass legal fir de Moment. Hei ass et elo sou, beim Match war dat ni de Fall. Match huet ni op Feierdeeg opgemaach a si hunn einfach vun haut op muer decidéiert, dat elo ze maachen, ouni iergendeen ze consultéieren, ouni den OGBL ze consultéieren, ouni Personaldelegatiounen ze consultéieren. Dat heescht, mir sinn dat am Fong gewuer ginn duerch d’ Salariéen, déi sech doriwwer opgereegt hunn.”

D'Mataarbechter vum Supermarché, déi d’Clienten zerwéiert hunn, duerften net mat eis schwätzen, d’Direktioun selwer war net erreechbar. Den OGBL hätt sech awer déi lescht Deeg an e puer Filialen ëmfrot. Hei hätten déi meescht Employéeën gesot, net domadder averstanen ze sinn, dass si lo souguer op Feierdeeg schaffe mussen.

“Avec le dimanche .. Le personnel a pris une certaine habitude tout de même. Mais c’est vrai que maintenant les jours fériés en plus ça pose vraiment un problème pour la vie de famille.”

Virun den Diere vum Supermarché huet den OGBL d’Clienten mat Flyeren opgefuerdert, de Buttek um Feierdag ze boykottéieren. An awer war den Undrang grouss. Ob een dann onbedéngt haut op engem Feierdag seng Akeef maache muss? Do ginn d’Meenungen auserneen.

An Zukunft wéilt de Match am ganze Land seng Dieren op ville Feierdeeg opmaaachen. Den OGBL an eng Partie Mataarbechter vum Supermarché wëllen dat net op sech setze loossen a wäerten weiderhin esou Aktiounen organiséieren, bis d’ Direktioun mat sech schwätze léisst.