Géint 19 Auer huet e Mann en Dënschdeg d'Q8-Tankstell iwwerfall.

Den Täter huet 2 Employéë mat enger Waff menacéiert an huet se gezwongen, d'Suen aus der Keess erauszeginn. Dono ass hien op engem donkele Moto a Richtung Rouderssen geflücht.

Den Täter war donkel gekleet an hat ganz opfälleg hell Schong un. Et ass keng Persoun zu Schued komm.

Zeien, déi eppes Opfälleges bemierkt hunn oder wichteg Indicen hunn, solle sech um 113 mellen.