Traditionell pilgeren ënner anerem vill vun eise portugisesche Matbierger ëmmer op Christi Himmelfaart bei d'Fatima op Wolz.

Den 13. Mee ass Christi Himmelfaart. An normalen Zäite pilgeren op dësem Dag dausende Gleeweger op Wolz bei d'Notre Dame de Fatima, virun allem Leit aus der portugisescher Communautéit fannen all Joers de Wee op den Hiwwel deen "op Baessent" genannt gëtt. Parallel gëtt laanscht d'Stroosse ronderëm Wolz zesumme giess a gefeiert.

Wéi d'lescht Joer sinn d'Zeremonien a Festivitéiten awer dëst Joer wéinst der Pandemie ofgesot.

Eng Partie Leit sinn trotzdeem a klenge Gruppen op Wolz gepilgert. Fir si war d'Kierch zu Nidderwolz op, wou si der Fatima hir Éier konnten erweisen, am strikte Respekt vun de Covid-Mesuren.