E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 808 läit.

E Samschdeg goufen 105 Persoune positiv getest, bei 7.347 Tester, e Sonndeg waren et der 37 bei 609 Tester. Op all Dag ass eng Persoun gestuerwen.

Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner 28 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.772 aktiv Infektiounen. 66.610 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.