Fir de Wirtschaftsministère wier besonnesch d'Innovatioun an d'Digitalisatioun vum Holz-Secteur immens wichteg.

Holzproduktioun zu Lëtzebuerg - Reportage Nadine Kremer

De Lëtzebuerger Holzsecteur méi nohalteg gestalten, souwéi an ee lokalen a regionale Kreeslafsystem abauen. D'Zil vum Projet „Eist Holz“, deen e Méindeg vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot virgestallt gouf, ass et, d'Ressourcen net z'iwwerexploitéieren an déi eenzel Etappen an der Holzproduktioun ze vernetzen.

Lëtzebuerg zielt 14.000 privat Bëschbesëtzer. De Ministère hëlleft dëse Persounen, hire Bësch naturno, nohalteg a responsabel ze geréieren. Den Ekosystem vun den 90.000 Hektar Bësch am Land an och seng Servicer solle protegéiert an erhale ginn.

Een neie Pilier vun den Aiden, deen am Abrëll lancéiert gouf, ass de Projet „Klimabonus Bësch“. Privat Bëschbesëtzer gi finanziell belount, wann si duerch eng nohalteg Gestioun den Ekosystem erhalen, wéi och hëllefen de Klima ze schützen, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg: "Et ass immens wichteg, wann mir déi Kreeslafwirtschaft seriö huelen, dass do d'Saache wierklech gutt anenee gräifen, dass déi verschidden Acteure matenee schaffen, an dass mir op all Niveau vun där Kaskad, dass mir eis do déi néideg Moyennë ginn, fir dass dat och esou gutt wéi méiglech gemeinsam klappt."

D'Ministeren hunn den däitsch-éisträichesche Label „Holz von Hier“ virgestallt, deen och zu Lëtzebuerg soll agesat ginn. E steet fir eng nohalteg Exploitatioun vum Bësch an zertifiéiert, dass d'Weeër an der Produktiounschaîne kuerz sinn. Domat gëtt eng regional Produktioun ënnerstëtzt an 16 Tonne CO2 pro Hausbau gespuert: "Dat kléngt e bëssen, „Ach jo e puer Tonnen“, well mir baue jo net nëmmen een Haus. Mee dat geet ëm eng ganz Filière an et ass u sech an där Hisiicht den Transport ze reduzéieren an ze kucken, wou kann ech an deem ganze Konzept vum Bau déi eenzel Acteuren no bäi hunn a wéi kréien ech dat mat enger nohalteger Bëschgestioun hin? Den Holzsecteur zielt 1.285 Entreprisen a schaaft domat bal 20.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. Dat souwuel am Bau, wéi och am Handwierk, an der Industrie an am Energiesecteur."

Bal d'Hallschent vun hinne sinn Holzhandwierksbetriber. De Marché vun dësen Entreprisë wier grenziwwergräifend an dofir wichteg fir d'Lëtzebuerger Ekonomie, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot: "Mir mussen ewechkomme vun där linearer Wirtschaft. Mir mussen ewechkomme vun eiser Wegwerfmentalitéit. An do ass Holz eng ganz interessant Filière, well mir wierklech multipel Beispiller hunn, wéi mir d'Holz ëmmer erëm an de Circuit kënne mat erakréien."

 

Fir de Wirtschaftsministère wier besonnesch d'Innovatioun an d'Digitalisatioun vum Secteur immens wichteg. D'Stéchwierder wiere Kreeslafwirtschaft a Kaskadenotzung: "Hei gëtt op deene verschiddensten Niveauen Holz verschafft. Dat heescht, et ass net ëmmer direkt Holz wat aus dem Bësch kënnt, mee och Holz wat eng Kéier nei verschafft gëtt, wat recycléiert gëtt, upcycelt gëtt."

Fir déi regional Offer an Demande ze verbannen, geet am Hierscht d'Plattform e-Holzhaff online. Nieft dem Kaf a Verkaf vu Matière Première, esou wéi recyceltem Holz ginn och Servicer fir seng Transformatioun ugebueden. D'Plattform adresséiert sech un d'Acteuren aus der Groussregioun: privat Bëschbesëtzer, Gemengen a Betriber déi an der Holzfilière aktiv sinn.