D'Schüler mat enger Première an de Sciences Sociales solle vun der nächster Rentrée un de Beruff vum Educateur bannent engem Joer kënne léieren amplaz 3.

Sou geséich et e Projet vum Educatiounsministère vir. E Projet, deen de "Comité de la Conférence" vum "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" schaarf kritiséiert. Aus dem LTPES heescht et en Dënschdeg de Moien, datt ee Joer net géif duergoen, fir datt de Schüler déi néideg Kompetenze kritt. Et géif een d'Gefill net lass ginn, datt et hei just ëm Quantitéit an net ëm Qualitéit vun dëser Formatioun géif goen.

De Manktem un Educateuren dierft net duerch manner qualifizéiert Personal kompenséiert ginn.

Kritik vun der ALEE / Rep. Diana Hoffmann

"Qualitéit vum Diplom erofsetzen ass keng Léisung", seet d'Associatioun vun den Educateuren

Déi nämmlecht Kritik gouf et och vun der Association luxembourgeois des éducateurs et éducatrices, déi och fuerdert, datt dëse Projet zeréckgezu gëtt an datt de Minister den Dialog sicht.

"D'Braderie vun den Diplomer ass keng Léisung", ass de Communiqué vun der Associatioun vun den Educateuren iwwerschriwwen. Bei der Ausbildung vun den Educateure sollen Ännerunge kommen. Dës hätten zur Konsequenz, datt et esou wier, wéi wa se vun elo 3 op just nach 1 Joer gekierzt géing ginn, fënnt d'Associatioun. D'Entscheedung wier geholl ginn, ouni datt d'Acteuren um Terrain kontaktéiert gi wären.

Am Internet sinn déi Responsabel vun der Associatioun vun den Educateuren, der ALEE, op d'Meldung gestouss. An Zukunft soll ee fir eng Ausbildung zum Educateur net méi mussen eng 2ième, 1ère an duerno eng sougenannten Terminal zu Miersch am LTPES maachen, mä och kënnen eng 1ère an 2ième a Sozialwëssenschafte besichen an duerno eben eng Terminal, fir dann den Diplom ze kréien. Den Yves Kails, Sekretär vun der ALEE gesäit e méi breet Opmaache fir d'Ausbildung vum Educateur awer kritesch:

"Eis Bedenke si virun allem emol, datt mer soen, dass d'Personal net fäerdeg ausgebilt ass. Datt et d'Kompetenzen net onbedéngt alleguerte kann hunn, déi sech anerer wärend dräi Joer mat Engagement bäibruecht hunn a sech selwer doranner investéiert hunn."

De Grond heifir ass, datt déi sougenannte Sektioun GSO, déi ee fir d'Ausbildung an deenen anere Lycéeën an Zukunft solle kënne besichen, net geziilt de Beruff vum Educateur cibléiert, mä d'Absolvente soll op e Studium oder eng Aarbecht am Beräich Sozial- an Humanwëssenschafte preparéieren. Ob esou eng Ausbildung kéint mat der bis elo klassescher Ausbildung mathalen, huet d'ALEE scho versicht z'analyséieren.

"Mir sinn och higaangen an hu gekuckt, wéi d'Grilles Horairen ausgesinn. Déi relevant Fächer déi sinn op enger 1ière zu Miersch am Lycée, da sinn do 21 Leçonen d'Woch. Op enger GSO, do sinn dat 7 Leçonen d'Woch. Dat ass schonn e groussen Ënnerscheed. T'ass einfach esou, datt zu Miersch vill méi cibléiert op den Educateur higeschafft gëtt. Do gëtt och net nëmmen Theorie gekuckt. Do sinn och Fächer, déi dorop cibléieren, datt et en Transfert gëtt tëscht Theorie a Praxis. Wéi sëtzen ech déi Saachen um Terrain ëm?"

Ausserdeem géingen d'Schüler zu Miersch am LTPES och praktesch op de Beruff virbereet ginn. 26 Woche Stage sinn hei virgesinn. Bei der GSO wieren dat awer nëmmen 11, also géingen eng 15 Woche Stage an deene verschiddenen Institutioune feelen. Op laang Siicht kéint esou e Kierze vun de praktesche Stonnen nëmmen Nodeeler hunn, mengt den Yves Kails.

"Da wäert et villäicht kuerzfristeg dozou kommen, datt villäicht méi Leit um Terrain sinn, awer déi wäerten dann och erëm méi séier verschwannen, well se einfach gesinn, datt se net onbedéngt den Ufuerderungen um Terrain gerecht sinn, oder se net kënne meeschteren. An da sinn déi erëm fort, an da feelen se och erëm um Terrain."

Also keng Léisung vum Problem fir d'ALEE. Net verstoe géing een och virun allem, datt net mat den Acteure vum Terrain geschwat ginn ass, ier esou eng Decisioun geholl gouf. Et wier ee grad dobäi gewiescht, den Dialog ze sichen, fir ze kucken, fir de Beruff vum Educateur fir d'Zukunft fit ze maachen. Ma et wier net fir d'éischt, datt ee virun ofgeschlossen Tatsaache gestallt gi wier.

Claude Meisch verdeedegt déi nei Formatioun

Ech sinn e bëssen iwwerrascht iwwer déi Communiquéen, sou reagéiert den Educatiounsminister Claude Meisch an der Chamberplenière op d'Diskussioune ronderëm déi nei Educateur-Formatioun. Ëmmerhi géif et zënter 3 Joer en enken Dialog mam Lycée fir Educateuren an Educatricë ginn, grad ewéi mat der „Ecole nationale pour Adultes".

D'Zil wier et, no Léisungen ze sichen, fir der Penurie bei den Educateuren entgéint ze wierken. E gudde Véierel vun de Première-Schüler géingen hiren Ofschloss op der Sozial-Sektioun SO maachen.
Do misst ee sech d'Fro stellen, wéi nieft engem Héichschoul-Parcours weider Weeër fir dës Schüler kéinten ausgesinn. Hie géing zwar verstoen, datt elo déi eng oder aner Fro gestallt gëtt. Ma de Minister verdeedegt awer déi nei Formatioun:

Ech denken, datt een deem Pilotprojet soll eng Chance ginn. En ass ausgeräift. E léist Problemer, well et eng Penurie bei den Educateure gëtt. E léist Problemer, well Jonker vun der SO-Sektioun zousätzlech Méiglechkeete kréien. Et ass eng Erausfuerderung. Wa si et packen, hu si den Educateur-Diplom och verdéngt. Den Diplom ass natierlech dee selwechte wéi bei deenen aneren.

Extrait Claude Meisch

Hei géing jiddefalls op kee Fall d'Formatioun fir den Educateur ëm 2 Joer gekierzt ginn. 2 Joer op der SO-Sektioun plus 1 Joer an der spezialiséierter Schoul, dat wieren och 3 Joer, sou den DP-Minister.

Bei der Admissioun géing och op eng gewëss Praxis-Erfarung gekuckt ginn.

Am LTPES an an der ENAD géing et lo mol all Kéiers eng Klass ginn. No engem Joer soll eng Evaluatioun vun der Situatioun gemaach ginn, sou de Claude Meisch an der Chamber.

Direkt 3 Deputéiert haten dem Minister en Dënschdeg Froen zu dëser neier Formatioun gestallt: D'Simone Asselborn-Bintz vun der LSAP, de Sven Clement vun de Piraten an d'Martine Hansen vun der CSV.