E Méindeg géint 22 Auer goufen zu Iechternach eng Fra an e Mann vun 2 Onbekannte mat enger Zort Pistoul/Revolver bedreet an du beklaut.

Geschitt ass dat um Eck vun der rue Gregoire Schouppe mat der rue Rabatt. Déi zwee Täter konnte sech duerno ze Fouss duerch d'Bascht maachen.

Bei den zwee Männer handelt et sech éischten Erkenntnisser no ëm zwee jonk europäesch Männer, déi mat engem staarken Akzent Franséisch geschwat hunn.

Beschreiwung vun den 2 Täter vun der Police

  1. 180-185cm gross, von dünner Statur, bekleidet mit einer schwarzen Jogginghose, einem schwarzen Hoodie, trug schwarze Turnschuhe mit lilafarbenem Nike Logo.
  2. ca. 170cm gross, von kräftiger Statur, ebenfalls schwarz gekleidet mit Jogginghose und Sweatshirt.