Dëst ass en Dënschdeg géint 11.10 Auer um Kierchbierg an der Rue Léon Hengen geschitt.

D'Täter, zwee Männer vu ronn 19 oder 20 Joer, ee méi dënn ee méi schwéier mat donkele Kleeder, konnte bei hirem Iwwerfall en Handy an e Portmonnie klauen. Si sinn a Richtung Coque fortgelaf. Wéi d'Police méi spéit matdeelt, geet een dovunner aus, datt béid Männer arméiert sinn, dëst mat enger Schosswaff respektiv engem Messer.

All d'Informatioune si fir d'Police um 244 40 1000 oder per Mail um Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu